Probéier Math
Du bass Schüler/in aus engem Lycée a sichs flott zousätzlech Mathésaufgaben. Mir hu Problemer aus dem MaachMath de wichtegsten Themen an dem Schwieregkeetsgrad no fir dech erausgewielt.
D’Schwieregkeetsgrade gi vun einfach (*) bis schwéier (***).
Du bass Enseignant/e am Secondaire a sichs flott Mathésproblemer fir mat denger Klass ze maachen. Genau un dech hu mir geduecht, wéi mir eis MaachMath Archiven duerchwullt a Problemer ausgewielt hunn.
Momentan ass dës Säit nach am Opbau. An der Tëschenzäit fënns du am Abschnitt RALLYE MATHÉMATIQUE TRANSALPIN weider Mathes-Problemer.